|
Deux
chansons populaires
luxembourgeoises
Zu
Arel op der Knippchen

| |
- Zu Arel op der Knippchen, do sin déi Weiber frou,
Si huele gär eng Schlippchen, eng drénkt där
aner zou;
Bereléng, léng direlire-léng, bere-léng,
léng direlire-léng,
eng drénkt där aner zou, eng drénkt där
aner zou.
-
Et
souzen dräi Gefuedëschen am Wiirtshaus bis an d'Nuecht
mat hirem Parlatintchen an dronk'n eng Mooss ër uecht,
bereléng, léng, direlireléng, bereléng,
léng, direlireléng,
an dronk'n eng Mooss er uecht, an dronk'n eng Mooss er uecht.
-
Déi eng hëlt hire Mantel a schläicht verbuergen
heem.
Si geet an d'Bett sech leën, klot iwwer Arm a Been.
-
A wéi de Mann ereemkoum, freet hien: "Wou as mäi
Wäib?"
"Si läit am Bett douewen, huet wéi an enger Träip."
-
De Mann, dee rennt op d'Kuemer, setzt sech bei d'Bett op d'Bank.
“O du méng arem Frächen, wat felt der, bas de
krank?"
-
"Ech
hun deréinscht ganz warem vum kale Bur gedronk.
Hätt ech eng Schlippchen Alen, wär ech erëm
um Spronk!"
-
Gläich as de Mann bekëmmert. "Hei Mod, schwenk du
e Glas!
An huel déi zënne Kännchen an zap vum beschte
Faass!"
-
"Setz
alles bei dat Feier a maach et gliddeg heess!
Dong Zocker dran a Geimer, da kënnt se an de Schweess!"
-
Wéi
si de Wäin gedronken, dréit si sech ëm a
laacht:
“Esou kann een déi Männer beduxen, datt et kraacht!"
-
Hien hätt dat solle wëssen, hien hätt geholl
e Schäit,
fir d'Rëpper hir ze schmieren, et wor déi héchsten
Zäit,
bereléng, léng, direlireléng, bereléng,
léng, direlireléng,
et wor déi héchsten Zäit, et wor déi
héchsten Zäit!
|
Den
Éim Steffen
| |
-
"Éim
Steffen, wat heescht der fir är Spéin?"
" Zéng Su fir de Pak,
dat as näischt zevill!"
Riddi ralla lalla la, riddi ralla
lalla la,
Zéng Su fir de Pak, dat
as näischt zevill!
-
"Éim Steffen, dir sid ons en deire Mann,
mir loossen iech nët zu
der Neipaart eran!"
-
"A loosst dir méch nët zu der Neipaart eran,
da klammen ech alt iwwer de Rampart
eran!"
-
Dem Éim Steffen séng Fra kacht Huewerbräi,
a véierzéng Kanner, déi
stin derbäi.
-
"So, Steffen, wéi hues de déng Spéin verkaaft?
All Biirger, déi koume jo drop
lassgelaaft!"
-
Hei hun ech se nach alleguer beieneen,
zéng Su fir de Pak, mee dat
gët jo keen!"
-
Op déi Ried gouf de Steffen al erdappt
an e krut och de Bockel gutt
ausgeklappt,
riddi ralla lalla la, riddi ralla
lalla la,
an e krut och de Bockel gutt
ausgeklappt.
|
|